Den 29. August 2026 fënnt déi 10. Editioun vum Tower-Power-Trail statt. Mer invitéieren Eech op Wäicherdang bei Cliärref ze kommen an iwwert eng Distanz vun 21, 10 oder 5km durch den Naturpark Our deelzehuelen. Den Trail ass chronometréiert an fir Ravitaillement ass gesuergt.
Fir dëse Jubiläum ze feieren, hu mer ee besonnesche Programm virgesinn, ënnert Anerem mat Livemusek vun der Band Jukebox.
Em 17:00 starten d'Haaptleef bei der Kierch zu Wäicherdang. Et fannen och Kannercoursen em 15h15 (fir 4 bis 7 Joer), em 15h30 (fir 8 bis 9 Joer) an em 15h45 (fir 10 bis 12 Joer) statt an et ass engt grousst Sprangschlass opgericht. Den ganzen Dag ass och om Site engt Grillfest mat Musik, Gegrilltem, Gedrenks an enger Schampesbar.
E-Mail: info@tower-power-trail.lu
Organisation: Spaass op der Piste, CSN Clervaux
Facebook: Tower Power Trail