


Dir kënnt Clierf mat dem Zuch erreechen an da mat der Buslinn 160 bis Wäicherdang (Busstopp "Weicherdange, Café Bourg") fueren. Vun do sinn et ongeféier 3 Minutten zu fouss bis zur Start, direkt nieft der Kierch.
Wann Dir mat dem Auto kommt, kënnt Dir op dem markéierte Parking gratis halen. Mir recommandéieren, vu Lentzweiler ze komme wann Dir iwwer N7 kommt (Rondpoint bei Marnach huelen), oder vu Wolz. De Wee iwwert Mecher ass net recommandéiert wéinst dem Passage vun der Lafcourse a Stroossenaarbechten zu Clierf.
Den 30. August 2025 fënnt déi 9. Editioun vum Tower-Power-Trail statt. Mer invitéieren Eech op Wäicherdang bei Cliärref ze kommen an iwwert eng Distanz vun 21, 10 oder 5km durch den Naturpark Our deelzehuelen. Den Trail ass chronometréiert an fir Ravitaillement ass gesuergt.
Em 17:00 starten d'Haaptleef bei der Kierch zu Wäicherdang. Et fannen och Kannercoursen em 15h45 (fir 4 bis 7 Joer), em 16h (fir 8 bis 9 Joer) an em 16h15 (fir 10 bis 12 Joer) statt an et ass engt grousst Sprangschlass opgericht. Den Trail fënnt als Green Event statt, d.h. mir wëllen alles esou eco-responabel wéi méiglech gestallten. Den ganzen Dag ass och om Site engt Grillfest mat Musik, Gegrilltem, Gedrenks an enger Schampesbar.
E-Mail: info@tower-power-trail.lu
Organisation: Spaass op der Piste, CSN Clervaux
Facebook: Tower Power Trail